Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Wou kënnt déi 60 Prozent Hausse um Botterpräis hier?

Ëm ronn 60 Prozent ass de Botter am Laf vum leschte Joer méi deier ginn. Wat sinn d'Hannergrënn, wat fir Inzidenzen huet déi Augmentatioun op d'Präisser vu verschiddene Liewensmëttel, a wat sinn d'Repercussiounen dovunner op de Lëtzebuerger Marché? De Guy Diederich, President vum Luxembourg Dairy Board, also de Lëtzebuerger Mëllechbaueren, am Gespréich mam Gilles Wunsch.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen