Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Fuerscherin vum LIST kritt international Auszeechnung

D'Fuerscherin vum LIST, dem Luxemburg Institute of Science and Technologie um Belval Bianca Rita Pistillo krut gëschter Owend zu Stockholm d'Medaille du Scientifique 2017 vun der Association internationale des matériaux avancés. No der Präisiwwerreechung ass haut den Dag, wou d'Bianca Rita Pistillo hire Projet um internationale Advanced Materials-Kongress presentéiert. E Kongress, deen op engem Schëff virun der schwedescher Küst ass. Op alle Fall ass de Präis grad wéi Presentatioun vum Projet eng Motivatioun fir d'Laureatin, fir d'Recherche an och fir de LIST.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen