Invité am Moies-Magazin

Nathalie Bender

De Patrick Michaely vum natur musée

Vum 9. bis den 12. November gëtt déi 11. Editioun vum Science Festival vum Fonds National de la Recherche an dem natur musée organiséiert. All Joer op en Neits begeeschtert dëse Festival eng helle Wull Kanner. Sinn déi zwee éischt Deeg, also den Donneschdeg an de Freideg exklusiv fir Schoulklassen reservéiert, mécht de Science Festival de Samschdeg a Sonndeg dem Public seng Dieren op. Vill Workshopen an eng Rei Spektakelen erwaarden all Interesséierten am Kulturzenter Neimënster an am natur musée am Gronn. Detailléiert Informatiounen zu der 11. Editioun vum Science Festival gëtt de Patrick Michaely vum Service Communication & Relations Publiques vum natur musée um Mikro vum Luc Melsen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un technicien radio (m/f).

  • radio 100,7 renforce sa rédaction

    Mme Christina Heidt et M. Maurice Molitor rejoignent la rédaction d'actualités de la radio de service public.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen