De Patrick Michaely vum natur musée
Vum 9. bis den 12. November gëtt déi 11. Editioun vum Science Festival vum Fonds National de la Recherche an dem natur musée organiséiert. All Joer op en Neits begeeschtert dëse Festival eng helle Wull Kanner. Sinn déi zwee éischt Deeg, also den Donneschdeg an de Freideg exklusiv fir Schoulklassen reservéiert, mécht de Science Festival de Samschdeg a Sonndeg dem Public seng Dieren op. Vill Workshopen an eng Rei Spektakelen erwaarden all Interesséierten am Kulturzenter Neimënster an am natur musée am Gronn. Detailléiert Informatiounen zu der 11. Editioun vum Science Festival gëtt de Patrick Michaely vum Service Communication & Relations Publiques vum natur musée um Mikro vum Luc Melsen.