Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit.

Ijoma Mangold - Das deutsche Krokodil

Den Ijoma Mangold, Literaturchef vun "Die Zeit", huet seng Autobiographie virgeluecht. Si heescht "Das deutsche Krokodil" a verzielt vum Bildungswee vun engem Bouf, dee sech schonn am jonken Alter am beschten tëscht Thomas Mann a Richard Wagner opgehuewe gefillt huet. Gläichzäiteg gëtt een zweet Areal, een zweeten thematesche Beräich dotëscht gesat: dem Mangold säi biographesche Lien mat Nigeria. No méi wéi zwanzeg Joer mellt sech säin nigerianesche Papp beim Jong, dee grad eng Carrière als Feuilletonist an Däitschland mécht. Wéi léisst sech tëscht de Welte vermëttelen? Nieft villem aneren ass "Das deutsche Krokodil" och eng aktuell, blëtzgescheit a stilistesch séier Reflexioun iwwert Denkkategorië wéi Identiéit, Natioun an Heemecht. De Samuel Hamen huet d'Buch gelies a sech mam Auteur iwwert säin éischt literarescht Wierk ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen