Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Ijoma Mangold - Das deutsche Krokodil

Den Ijoma Mangold, Literaturchef vun "Die Zeit", huet seng Autobiographie virgeluecht. Si heescht "Das deutsche Krokodil" a verzielt vum Bildungswee vun engem Bouf, dee sech schonn am jonken Alter am beschten tëscht Thomas Mann a Richard Wagner opgehuewe gefillt huet. Gläichzäiteg gëtt een zweet Areal, een zweeten thematesche Beräich dotëscht gesat: dem Mangold säi biographesche Lien mat Nigeria. No méi wéi zwanzeg Joer mellt sech säin nigerianesche Papp beim Jong, dee grad eng Carrière als Feuilletonist an Däitschland mécht. Wéi léisst sech tëscht de Welte vermëttelen? Nieft villem aneren ass "Das deutsche Krokodil" och eng aktuell, blëtzgescheit a stilistesch séier Reflexioun iwwert Denkkategorië wéi Identiéit, Natioun an Heemecht. De Samuel Hamen huet d'Buch gelies a sech mam Auteur iwwert säin éischt literarescht Wierk ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

  • Een Horrorfilm mat Humor

    "In Fabric" erzielt eng humorvoll Horrorgeschicht vun engem roude Kleed, dat Mënschen ëmbréngt. Am 100,7 Interview erkläert de Realisateur seng Iddi.

  • Filmkritik: Der Boden unter den Füssen

    De Manktem un Halt am perséinleche Liewen, virum Hannergrond vun der moderner Aarbechtswelt, dat ass de Sujet vun "Der Boden unter den Füssen".

  • Trace vum Mansfeldschlass am Nationalarchiv

    D'Mansfeldschlass am Gronn war an de Vergiess geroden. Mee d'Amis du Château de Mansfeld studéieren a presentéiere seng Bedeitung fir haut.

  • "The man and the sea": de Marco Godinho zu Venedeg

    Mam Projet "Written by Water" vertrëtt de Konzeptkënschtler Marco Godinho vu Mee bis November de Grand-Duché op der 58. Biennale vu Venedeg.

  • Luxfilmfest: Kritik vun "The Third Wife"

    Déi am Vietnam gebueren Ash Mayfair setzt sech mat der Plaz vun der Fräiheet an engem vum Schicksal dominéierte Liewen auserneen.

  • Le dieu du carnage am TNL

    Den TNL bréngt der Yasmina Reza hiert weltbekannten Theaterstéck op d'Bühn.

  • Nei Filmer

    Nach leeft de Filmfestival, mee et ginn awer och fënnef nei Filmer an de Lëtzebuerger Kinoen.

  • Luxfilmfest: Kritik vun "The Announcement"

    Eng minimalistesch Mise en scène a subtil-dréchenen Humor zeechnen dësen tierkesche Film vum Mahmut Fazil Coşkun iwwer ee versichte Militärputsch aus.

  • "Georges Dandin" am Théâtre du Centaure

    D'Anne Simon inzeenéiert mam Molière sengem "Georges Dandin" hiert éischt franséischt Stéck am Théâtre du Centaure.

  • Den Intro_Livre/ dessin am Konschthaus beim Engel

    De Marc Angel an d'Camille Lazzari weisen d'Facettë vun der Buchillustratioun am Konschthaus beim Engel ënner dem Titel "Livre/ dessin".

  • Virtuell Realitéit um eegene Leif testen

    Ee Film immersiv mat e puer Sënner erliewen. Eng Welt tëschent Fiktioun a Realitéit. Zéng Wierker ginn um Luxembourg City Filmfestival gewisen. 

  • LuxFilmFest Spezial

    Zwee Filmer aus der offizieller Kompetitioun ginn haut beschwat: "The Announcement" (Mahmut Fazil Coşkun) an "The Realm" (Rodrigo Sorogoyen).

  • Come Home - Rigmor Gustafsson

    Deen neie CD vun der schwedescher Jazzsängerin proposéiert ë. a. iwwerschaffte Versioune vun Joni Mitchell, Kate Bush an Tanita Tikaram.

  • Portrait vum Charles Bukowski

    Den amerikanesche Schrëftsteller ass viru 25 Joer gestuerwen. Dichter, Alkoholiker, Provokateur: Den "dirty old man" war eng Ikon vun der amerikanescher Géigekultur.

  • Weltfraendag an der Abtei Neimënster

    Ainhoa Achtegui am Gespréich iwwer d'Bedeitung vum 8. Mäerz an d'Manifestatiounen an deem Kontext an der Abtei Neimënster.

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen