Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Robert Garcia

De Robert Garcia ass e Mann mat politeschen a kulturellen Dimensiounen. Hie war Matgrënner vun der grénger Partei, Deputéierten, a sëtzt fir dës Partei vum 1. Januar un am Diddelenger Gemengerot. Hie war Coordinateur vum Kulturjoer 2007 an Direkter vun de Rotonden. Iwwert de Radio Ara huet hien och e Fouss an der Medienzeen. Hien huet Humor a ka virun allem och iwwert sech selwer laachen.

Mam Jean Claude Majerus schwätzt de Robert Garcia iwwert déi aktuell Situatioun vun "déi gréng" an natierlech och iwwert Kulturthemen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen