Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Joni Mitchell - Ladies of The Canyon

D'Lidd iwwer de Mega-Festival an den USA ass fir d'Joni Mitchell selwer keen Hit - eréischt duerno komme Matthew Southern Comfort a Crosby, Stills, Nash & Young mat "Woodstock" bis uewen an d'Charts. Weider bekannte Lidder vum Album, dee staark um akustesche Folk orientéiert ass, si "For Free" a "Big Yellow Taxi". Och dëse Song ass als Cover vun ë. a. de Counting Crows an der Amy Grant méi bekannt, wéi d'Original. De Ben Boulanger mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Notizblock

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen