Jean-Marie Biwer & Jérôme Koch an der CAW
Ausstellungen, op deene Konscht vun zwee verschiddene Kënschtler konfrontéiert gëtt, erfreeë sech haut enger gewësser Beléiftheet. Am neie Walfer Kulturzentrum CAW, Ofkierzung fir Culture @ Walfer, stelle regelméisseg ee confirméierte Kënschtler an e jonkt Talent zesummen aus. Zënter dem 9. November de Jean-Marie Biwer, Joergang 1957, an de Jérôme Koch, Joergang 1992. D'Kerstin Thalau huet kuerz virum Vernissage mat béide Kënschtler geschwat.