New Cotton Club

Manuel Ribeiro

De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.

Band Chicago

Tribute to Chicago Band

D'Kultband Chicago ass eng US-amerikanesch Jazz-Rock Band, déi 1967 zu Chicago gegrënnt gouf an deemno 2017 50 Joer feiert.

Chicago ass och eng vun deenen éischten Bands, déi eng Bléisergrupp integréiert hunn an esou dem rockege Basisklang eng Jazz Klangfaarf derbäi gemëscht hunn. Eng weider Charakteristik vun dëser Band leit do dran, datt all d'Membere komponéieren an esou hir individuell musikalesch Virléiften an de Gesamtklang afléisse loossen.

De Manuel Ribeiro kuckt op hir éischt Joren zréck.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen