Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Remise vum Steichen Award 2017

E Konschtpräis an eng Rees an Amerika

De Präis besteet aus zwou verschiddene Kënschtler-Residenzen: Sechs, resp. véier Méint zu New York. Dëst Joer goufen d'Hollännerin Esther Hovers an de Lëtzebuerger Daniel Wagener ausgezeechent. Vun engem internationalen an nationale Jury erausgesicht, schaffe si allen zwee mat engem Schwéierpunkt an der Fotografie. De Christian Mosar mat weideren Informatiounen.

Rezent Emissiounen

  • Soziale Wunnengsbau: Table ronde a Vernissage

    Beim Vernissage vun der Ausstellung "is this it" gouf et eng Table ronde mam Thema sozial Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg.

  • Nei Filmer

    Och wann de Filmfestival Cineast a seng zweet Woch geet, esou lount sech och de Bléck op déi nei Kinosfilmer.

  • CinEast: Eng Plaz an der Sonn fir Litauen

    Enn 1930er Joren. D'Onofhängegkeet vu Litauen steet op der Kipp. E Geograf weess, wéi een d'Natioun rette kéint. Kritik vum Kompetitiounsfilm "Nova Lituania".

  • Queer Loox

    Haut geet an de Rotonden déi nei Saison fir Queerloox un: eng Handvoll Filmer, an deenen et ëm LGBTQ-Theme geet.

  • Ruth Garbus

    D'Musekerin aus dem Vermont geet op "Kleinmeister" an den Detail.

  • Luxembourg - Arles - Luxembourg

    D'Expo weist Fotokonscht vu Lëtzebuerger Kënschtler, déi fir d'Rencontres d'Arles selektionéiert goufen.

  • Sammelen, erfaassen an zougänglech maachen

    De Centre d'études et de documentation musicales a seng Aufgaben

  • Den Ginger Baker ass dout

    Den tempramentvollen Drummer vun der legendäer britescher Band ronderëm de Eric Clapton ass gëschter am Alter vun 80Joer gestuerwen.

  • Kultur Spezial: Esther Kinsky

    Am Institut Pierre Werner huet déi renomméiert Schrëftstellerin an Iwwersetzerin iwwer d'Bedeitung vun der Iwwersetzung geschwat.

  • "The Contemporary Family of Man" brauch e Lifting

    Am CNA zu Diddeleng ass eng zweet "Family of Man" ukomm. Hir Authentifikatioun a Restauratioun ass mat engem zimlechen Opwand verbonnen.

  • En Haus wéi en Haus- a wéi engem Haus?

    En Theaterstéck, dat an engem Wunnhaus gespillt gëtt - en Text vun der Elise Schmit.

  • 70 Joer, 50 Joer Bühnecarrière an en neien Album

    De Peter Maffay huet fir säi ronne Gebuertsdag no fënnef Joer nees e Studioalbum erausbruecht mam Titel "Jetzt".

  • D'Nicole Max am Kasemattentheater

    Iwwer engem Kaffi erzielt d'Schauspillerin iwwer hir Roll am Daniel Keene Stéck "Der Regen". An dat muer an e Samschdeg am Kasemattentheater.

  • Imperfektioun, Akzeptanz an Zäit

    Dem Sandro Perri seng nei Scheif "Soft Landing" stécht voller delikate Momenter.

  • Daniel Kehlmann - Der unsichtbare Drache

    En inspiréierend Gespréich tëschent dem Literaturwëssenschaftler a Lyriker Heinrich Detering an dem bekannten Auteur Daniel Kehlmann.
     

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen