World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

De 26.November an der Philharmonie: den tuneschen Oud-Virtuos a Sänger Dhafer Yussef

Dhafer Youssef

Den Dhafer Youssef spillt awer net nëmmen dat klassescht orientalescht Säiteninstrument, hie sengt och - mat deelweis ganz héijer Stëmm -, hie komponéiert a féiert seng Band, mat där hien op Tour ass. An hien ass ëmmer Feier a Flam fir Neies auszeprobéieren, op Basis vu senge musikalesche Wuerzelen.

An der Philharmonie trëtt den Dhafer Youssef am Quartett op - schonn d'Remark wäert, well den Tunesier mat senger Oud op e puer musikaleschen Hochzäiten danzt. Fir dës Tournée stellt hie säin aktuellen Album "Diwan of Beauty and Odd" vir, e Wierk mat staarkem Jazzafloss, seng dräi Matmuseker op Piano, Bass an Drums sinn d'Géigegewiicht zur Oud an zur Stëmm.

Op der Playlëscht beim Fred Medernach stinn:

  1. Oum -Haylala
  2. Majid Bekkas - African Blues
  3. Rasha - Azara Al Hay
  4. Dhafer Youssef - Delightfully Odd
  5. Dhafer Youssef - 17th Flyways
  6. Dhafer Youssef - Eleventh Stone
  7. Dhafer Youssef & Bugge Wesseltoft - Hope
  8. Abdallah Oumbagdougou - Tadalt
  9. Hindi Zahra - Ahiawa

 

Rezent Emissiounen

  • Tangomania - vun Argentinien bis Finnland

    Tango an Argentinien - dës Kombinatioun schéngt kloer ze sinn. Mä et gëtt se och soss op der Welt ...

  • Flavia Coelho live at Radio France

    D'Brasilianerin trëtt den 3. Mäerz an der Escher Kulturfabrik op. Radio France huet si am Oktober d'lescht Joer zu Paräis opgeholl.

  • Afro & Karibik

    Latin-Jazz trëfft op Rhythmen aus dem Mali, déi gemeinsam historesch Vergaangenheet an Nouten ...

  • Klezmer-Musek

    "Daniel Kahn & painting bird " an "Voices of Ashkenaz" sinn haut Programm.

  • Aline Frazao in concert

    Déi gebierteg Angolanerin on tour mat hirem Album "Insular"

  • Amazones d'Afrique

    Staark Fraestëmme vum afrikanesche Kontinent, gebëndelt an enger Zort Superformatioun

  • Button Box

    Keltesch Téin vum diatoneschen Akkordeon

  • Celtic New Year

    Eng musikalesch Rees duerch d'keltesch Welt, ugefaangen an Irland, mat der Endstatioun Galizien

  • Schnéi vu gëscht an haut

    D'Thema 'Schnéi' ass en Dauerrenner an der Musek - an dat uechter déi ganz Welt ...

  • Djembé & Dunun @ Lolamba Diddeleng

    E grousse Meeschter vum Djembé a Frankräich ass den Gilbert Elion, deen och zu Diddeleng Course gëtt.

  • Mier a Wellen

    Trennt d'Mier oder verbënnt et? Musikalesch schléit d'Mier heiansdo méi, mä och emol manner héich Wellen ...

  • Oum in concert

    Déi marokkanesch Sängerin mat Band, opgeholl d'lescht Joer an Däitschland.

  • Orientalesch ënnerwee

    Eng musikalesch Rees aus dem ale Persien bis an de Maghreb

  • Dhafer Youssef

    Den tuneseschen Oud-Spiller mat de ville musikalesche Facetten trëtt de 26. November an der Philharmonie op. 

  • Kuba

    Eng musikalesch Rees an d'Karibik, mat villen neien Opnamen

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen