Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The Atomic Mr. Basie

Dem Count Basie seng Band ass legendär. Vill bekannten Albumen huet hien erausbruecht wéi zum Beispill dee mam Frank Sinatra, dee live zu Las Vegas opgeholl gouf.

Den Atomic Mr. Basie ass 1958 an domat laang no der Ära vun de Big Bands erauskomm, an awer gouf en zu engem vun de wichtegsten Alben wat grouss Ensembelen ugeet. 12 Tracks arrangéiert vum Neal Hefti maachen dësen Disk zu deem wat en ass.

Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen