New Cotton Club

Manuel Ribeiro

De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.

Julie London

A Tribute to Julie London

Gayle Peck, esou de biergerlechen Numm vun der Sängerin a Schauspillerin Julie London, gebuer 1926 zu Santa Rosa a Kalifornien. Virun allem war si fir hir méi déif a ganz sensuell Stëmm beléift. D'Carrière vun der Julie London, mat 32 Albumen, ass beandrockend.
Mä d'Julie London als Schauspillerin war och net onbekannt, si huet an hirer Carrière 20 Filmer opzeweisen. Wie sech un d'Serie "Emergency" oder "Notruf California" aus de 70er Joren erënnert, kennt d'Kënschtlerin an der Roll vun der Dixie McCall.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen