Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Hubert Wurth

De fréieren Diplomat Hubert Wurth ass den Invité. Hie war de leschte Lëtzebuerger Botschafter an der Sowjetunioun. Donieft war den Hubert Wurth Ambassadeur zu Den Haag, New York, Paräis, London a Wien. Zënter Abrëll dëst Joer ass hien an der Pensioun.

De Serge Kesseler schwätzt mat him iwwer seng Erfarungen an Observatiounen a senger laanger diplomatescher Carrière.

Haut ass den Hubert Wurth als Moler a Wënzer aktiv. Hien ass Member vum MUDAM-Verwaltungsrot, grad wéi Matbegrënner vum Edward Steichen Award fir jonk europäesch Kënschtler.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen