Winterlights a Wanteraktioun
Déi eng freeë sech op d'Winterlights, wa vun der nächster Woch un d'Stad fir d'Adventszäit illuminéiert gëtt, de Chrëschtmaart an d'Äispist opginn. Fir anerer bedeit de Wanter eng Gefor fir hir Gesondheet a souguer fir hiert Liewen: Fir déi Leit, déi op der Strooss liewen. Mä net nëmmen hei am Land ass d'Keelt e grousse Problem fir d'Leit ouni en Daach iwwert dem Kapp. Och europawäit stellt d'Flüchtlingskris, a Kombinatioun mam Wanter, Europa viru Problemer.