Kulturchronik

Eis Journalisten informéieren objektiv iwwer déi kulturell Aktualitéit. Mee wat denke si iwwer d'Realitéit zu Lëtzebuerg. An der Kulturchronik komme si mat Meenungen a Kommentaren zu Wuert.

Wuertkreatiounen an d'Sprooch

"I bims" ass d'Jugendwuert vum 2017, dat de Langenscheidt-Verlag ermëttelt huet. Esou direkt seet dëst Wuert, oder besser dësen Ausdrock engem awer näischt. Zënter bal zéng Joer gëtt et elo schonns d'Jugendwort bei eisen däitschen Noperen, an et koume Wuertkreatiounen eraus wéi "Gammelfleischparty", "Hartzen", "Niveaulimbo", "Smombie", "Yolo", "Fly sein" a sou weider. Eng Entwécklung, déi der Sprooch vun der Jugend vun haut entsprécht oder net. An eng Fro sief erlaabt: Wéi en Afloss hunn dës Wuertkreatiounen op eng Sprooch? Iwwerleeunge vum Jean Claude Majerus.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen