Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Nei Filmer

Wie sech vun haut un e puer véiereckeg Aen zouleeë wëllt, dee ka ganzer siwen nei Filmer an de Kino kucke goen. Wien net esou wäit wëllt goen, deem sief dem Tom Dockal säi kuerzen Iwwerbléck un d'Häerz geluecht. Et ass och Präisgekréintes dobäi.

Rezent Emissiounen

  • Retrospekt op der Berlinale

    Der Esther Rots hire Film ass eng fragmentéiert Erzielung iwwer Gewalt géint Fraen an toxesch Frëndschaft.

  • De KEP an der Kulturkommissioun an der Chamber

    Congé culturel, Arts council, Timeline, Accord a Kritik ... de Kulturentwécklungsplang an der Chamber.

  • Points-of-View am Ratskeller vum Cercle Cité

    D'Wierker "Libera Pagina!" vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Suzan Noesen a "Soleil Noir" vum franséische Video-Artist Thibault Brunet.

  • Luxfilmfest: Ee Panorama Festival

    D'Filmer vum Lëtzebuerger Filmfestival ginn dëst Joer och mëttes gewisen. Déi 9. Editioun ass duerch Produktiounen aus der ganzer Welt markéiert.

  • Ein Känguru wie du

    E villschichtegt Theaterstéck fir Kanner, dat esou muench Erwuessener net frou mécht.

  • Nei Filmer

    Eng gutt vollgepaakte Woch mat net manner wéi sechs Filmer, vun deenen der zwee op engem japanesche Manga baséieren.

  • "Une Colonie" op der Berlinale

    De Coming-of-Age-Film "Une colonie" aus dem Québec leeft um Filmfestival zu Berlin.

  • Expo: The State Of Deception

    Den United States Holocaust Museum huet eng Ausstellung iwwer Nazi-Propaganda zesummegestallt, déi elo an der Abtei Neimënster ze gesinn ass.

  • De musikalesche Kapp vun den "Doors"

    De Museker, Komponist mat sengem speziellen Doors-Uergelsound Ray Manzarek géif haut 80 Joer kréien. En ass den 20. Mee 2013 gestuerwen.

  • Projet fir den Escher Ariston

    D'Gebai vum fréiere Kino Ariston ass awer erëm en Thema fir d'Gemeng Esch. De Schäfferot bréngt de Projet vun enger regionaler Theaterbühn an d'Gespréich.

  • let's wander slowly through the fields ...

    ... an dat an dem Steve Gerges seng "Fields", déi an der CeCiL's Box op méi e geneeë Bléck invitéieren.

  • Filmkritik: Fyre an Fyre Fraud

    Oder: wann zwee Documentairen an allerkierzester Zäit een an deen nämlechten Sujet hunn.

  • D'Ex-Haus zu Tréier mécht provisoresch zou

    Déi Responsabel si schockéiert.

     

  • Trace vum Mansfeldschlass am Nationalarchiv

    D'Mansfeldschlass am Gronn war an de Vergiess geroden. Mee d'Amis du Château de Mansfeld studéieren a presentéiere seng Bedeitung fir haut.

  • De Concours Jeune Printemps

    D'Asbl Printemps des Poètes wëllt mat dësem Concours d'Poesie hei zu Lëtzebuerg promovéieren, well d'Dichtung hätt dacks e verstëbsten Image.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen