Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Goathead Soup - The Rolling Stones

"Goathead Soup" vun de Rolling Stones kënnt am August 1973 eraus, d'Opname fir den 11. Album vun der Band - an den USA ass et schonn Nummer 13 - entstinn an zwou Phase vun alle Kéier engem Mount, Enn 72 an am Fréijoer 73 - schonn um villgeluefte Virgänger "Exile on Main Street" haten d'Stones no dësem Schema geschafft.

Wéi ass den Album an der räicher Stones-Discographie anzeklasséieren? Genee wéi seng Viirgänger "Sticky Fingers" an "Exile On Main Street" packt den Album et véier Woche laang op d'Nummer 1 an den amerikanesche Bilboard Charts ... musikalesch awer sinn déi méi rau rebellesch Rockzäite lues awer sécher am Gaangen ze verschwannen, et geet konsumentefrëndlech méi a Richtung Mainstrean a grousse Stadiummen, déi nächst Succèse wäerte "Miss You" oder "Emotional Rescue" heeschen - béid dem styleschen Trend vun hirer Zäit ugepasst.

D'Haaptlidder heeschen "Angie", "Star Star Star" (als "Starfucker" op der éischter Pressung - awer just op där! - ugefouert), "Silver Train" a "Winter", e Song dee kloer d'Handschrëft vum Gittarist Mick Taylor dréit, deen dem Keith Richards seng Drogen-Eskapaden sat huet  ...

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen