Invité am Moies-Magazin

D'Nina Tomàs zu Bréissel

Den 3. November war de Vernissage vum traditionellen Hierschtsalon vum Cercle artistique de Luxembourg, kuerz CAL. An deem Zesummenhang gouf d'Nina Tomàs mam Prix de révélation, also als villverspriechendst jonk Kënschtlerin ënnert 35 Joer, ausgezeechent. D'Molerin, Joergang 1989, huet tëscht 2011 an 2016 Konscht a Frankräich studéiert a mécht sech elo lues a lues en Numm an der Konschtzeen. Tëscht Hierscht 2017 a Juni 2018 ass si an enger Kënschtlerresidenz zu Bréissel. D'Kerstin Thalau huet d'Nina Tomàs do besicht.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen