Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

D'Juegd: Bluttsport oder Aarteschutz

D'Juegd-Saison zu Lëtzebuerg ass voll am gaangen. Bal all Dag ginn an de Bëscher Juegten organiséiert. D'Juegd ass en Thema, dat fir vill Emotioune suergt, an d'Meenungen deelt.

Wéi ass d'Juegd zu Lëtzebuerg gereegelt? Erfëllen d'Jeeër hir Missioun, fir de Wëldbestand am Respekt vun der Natur ze reguléieren? A fir wat ass d'Juegd am 21. Joerhonnert iwwerhaapt nach noutwenneg?

Doriwwer schwätzt de Pierre Reyland mam Georges Jacobs, President vun der Jeeërfederatioun; an dem Camille Gira, Staatssekretär am Nohaltegkeets- an Infrastruktur-Ministère.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen