Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Anne Georges, Marc Clement, Philippe Hansen

Of Mice And Beats

De Philippe Hansen proposéiert diversifiéiert Musek aus der nationaler an internationaler Indie-, Pop- a Rockzeen.

Akkordwiessel waren dem US-Amerikaner Eliott Smith seng Geheimwaff am Songwriting. Tragesch fréi gestuerwen, am Affekt duerch zwee selwer gemaachte Messerstéch, gëtt de Smith vu villen als gréisste Songwriter vun den 1990er ugesinn. 1997 bréngt hien "Either/Or" eraus, en Duerchbrochs-Album, vun deem de Marc Clement an der Rubrik Twenty/Twenty de Song "Alameda" virstellt.

D'Anne Georges huet Neies vun A Perfect Circle fir seng Rubrik Frësch Gepresst. Véierzéng Joer hunn d'Fans op eng nei Release gewaart an elo rocke mir mam neien Titel "The Doomed" an e perfekte Weekend eran.

Nieft dem Concertstip lafen déi bescht nei Indie Stécker, dorënner fusch nei Singelen e.a. vun Alvvays, Girls In Hawaii, Thunder Jackson, Mighty Oaks, Ten Fé, S//P, an de Stone Temple Pilots. 

Albumen, déi viru Kuerzem erauskoumen: "Rest" vum Charlotte Gainsbourg. 

Rezent Emissiounen

  • Wahnsinneg nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a Coup-de-Coeuren

  • Op der Front vun der neier Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéën a sëlleche Coup-de-Coeuren

  • Herrlech Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • De Nirvana vun der neier Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Super Duper Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Nei Musek à gogo!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Ultra Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Nei Nei a Gutt!

    Neies aus der internationaler Pop a Rock Zeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Musek a villes méi!

    National an international rezent Verëffentlechungen, Coup-de-coeuren an eng Rei Invitéeën.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Café Scientifique - De Jan Lagerwall an d'Faszinatioun fir Flëssegkristaller

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen