Wéi gesond ass d'Land?
D'Liewenserwaardung ass héich, de Gesondheetszoustand vun der Populatioun gutt, sou de Verdikt vum OECD-Rapport iwwer Lëtzebuerg. De Gesondheetssystem ass effikass a schafft preventiv, an awer bleiwen nach Efforten ze maachen, wat d'Diabetis, den Alkohol- an Tubakskonsum an d'Obesitéit ugeet.