KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De P.I. Tschaikowsky

1892 komponéiert de Peter Iljitsch Tschaikowsky seng lescht vun am Ganzen zéng Operen: d'Geschicht vun der provenzalescher Prinzessin Jolanthe. Den Tschaikowsky war do scho laang een unerkannten Operekomponist, deen haut virun allem mat zwee Meeschterwierker am Repertoire vertrueden ass: "Eugen Onegin" a "Pique Dam"e, zwou Operen, déi op literaresche Virlage vum Alexander Puschkin baséieren. De Guy Engels mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen