Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The Jayhawks - Hollywood Town Hall

Gegrënnt gouf d'Band 1985 vu Mark Olson a Gary Louris, Allenzwee Gittaristen a Sänger, vum Bassist Marc Perlman a vum Batteur Norm Rogers, deen dräi Joer méi spéit vum Ken Callahan ersat gouf.

Mat hirem straighten Country-Rock Sound hate si Enn den 80er Joren eng grouss Fangemeinschaft an der Groussregioun vu Minneapolis an en onverkennbaren Afloss op Gruppe wéi The Honeydogs, The Gear Daddies a virun allem Uncle Tupelo, déi mat hirem 90er Album "No Depression" net nëmmen e Meeschterwierk produzéiert hunn, mee dësem musikalesche Genre quasi en neien Numm verpasst hunn: eben no Depression.

A genee wéi Uncle Tupelo, déi mat Jay Farrar a Jeff Tweedy zwou ganz staark Perséinlechkeeten an der Band haten, hu sech The Jayhawks no e puer Joer Aktivitéite getrennt, fir den eenzele Museker méi Méiglechkeeten ze loossen. Eng éischt Trennung ass 2005 iwwer d'Bühn gaangen - tëschent 2009 an 2012 hu si et nach eemol matenee versicht a vun 2014 un eng drëtte Kéier. De Ben Boulanger mat weideren Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen