Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

De Ravel am Kannerzëmmer

De Maurice Ravel - de Komponist vum Mount Dezember um radio 100,7 - hat selwer keng Kanner, huet sech awer gäre mam Nowuess vun anere Leit ameséiert. Fir déi Kleng war de Ravel dacks eng Zort grousse Brudder, e Spillkomerod, deen och nach flott Musek konnt maachen. Dës Kannerséil fënnt sech och am Ravel senger Musek. De Remy Franck presentéiert  eng Partie Wierker, an deenen d'Kandheet thematiséiert gëtt. 

Rezent Emissiounen

  • Liewen an Doud

    Stécker déi tréischten, déi de Komponist an d'Paradäis brénge sollen an déi kuerz virum Doud entstane sinn.

  • Komponistenalldag

    Wéini hunn de Beethoven, Strauss a Chopin komponéiert? Wéi eng Gemeinsamkeete ginn et? Wie war fläisseg, wie faul?

  • Wéi alles ugefaangen huet

    Dem George Gershwin a Leonard Bernstein hir musikalesch Virleefer

  • Grillen no Nouten

    E musikalescht Rezept fir d'Summerdeeg

  • Variatiounen a rout, wäiss, blo

    Een dräifaarwege musikalesche Bouquet op Nationalfeierdag

  • Fussballverréckt Klassiker

    Phänomenal Goaler, legendär Spiller a Matcher, déi an d'Geschicht agaange sinn. Evenementer, déi och Komponiste beweegen.

  • Pathétique

    Wat stécht hannert dëser Wierksbezeechnung?

  • Inspiratiounen aus aller Welt

    Iwwer Komponisten a wat si alles esou vun hire Reese mat heem geholl hunn.

  • Nieft de Planéiten

    Wann engem de Gustav Holst e Begrëff ass, dann dacks just wéinst sengem Wierk "D'Planéiten". Mä wat huet hien do dernieft alles komponéiert?

  • D'Walpurgisnuecht

    Hexen, Hexemeeschter a vill Zauberei

  • Véier Joreszäiten an der Spéitromantik: de Joachim Raff

    Vum däitsche Starkomponist, deen zu Liewenszäite mat Brahms a Wagner verglach gouf, gëtt haut kaum nach e Wierk gespillt.

  • Eng Stäip vun der Mannheimer Klassik

    D'Famill Stamitz

  • Verierft

    Iwwer Talenter, Instrumenter a Melodien, déi sech iwwer Generatiounen ewech gehalen hunn.

  • Vu Russland an d'Welt

    Wa russesch Komponisten an aner Länner kucken.

  • Aarbecht

    Komponisten an hir Relatioun zur Aarbecht

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen