Pit Wagner
Kreativitéit - iwwert Iddien an Inspiratioun, war d'Thema dëst Joer am CAW (Culture@Walfer) am Kader vun de Walfer Bicherdeeg an de Kënschtler Pit Wagner war invitéiert, zwee Deeg laang an engem Workshop seng Aarbechtsmethod a seng Technik ze weisen. Am Gespréich mam Valerija Berdi schwätzt hien iwwer dës Erfahrung, awer och iwwer de Lepus Haze, seng Projeten a seng Aarbecht.