Invité am Moies-Magazin

Nathalie Bender
Pit Wagner

Pit Wagner

Kreativitéit - iwwert Iddien an Inspiratioun, war d'Thema dëst Joer am CAW (Culture@Walfer) am Kader vun de Walfer Bicherdeeg an de Kënschtler Pit Wagner war invitéiert, zwee Deeg laang an engem Workshop seng Aarbechtsmethod a seng Technik ze weisen. Am Gespréich mam Valerija Berdi schwätzt hien iwwer dës Erfahrung, awer och iwwer de Lepus Haze, seng Projeten a seng Aarbecht.

Rezent Emissiounen

  • Olivier Frank

    Mam Direkter vum Institut Pierre Werner Olivier Frank geet et ëm 15 Joer déi den IPW schonn existéiert.

  • Valerija Berdi

    D'Anise Koltz ass d'Laureatin vum Prix Goncourt de la poésie 2018.

  • Frédéric Humbel

    Mam Direkter vum Minettpark schwätze mer iwwert d'Saison déi den 1. Mee nees ugefaangen huet.

  • Valerija Berdi a Michel Delage

    Iwwer dem Samuel Hamen seng éischt Verëffentlechung, d'Erzielung "V wéi Vreckt, W wéi Vitess"

  • Sascha Ley

    Actrice, Sängerin, Songwriterin, Komponistin, also e regelrechten Multi-Tasking. Genee dat passt op d'Invitée am Moiesmagasin.

  • Marc Schoentgen

    Wat sinn d'Ziler a konkret Aktivitéite vum Zentrum fir politesch Bildung? 

  • Emmanuel Vinchon

    De Coordinateur vun der Nuit de la Culture zu Esch, déi de 5. Mee 2018 an der Minettmetropol organiséiert gëtt.
     

  • Tom Nisse

    E "Spadséiergang" iwwer de Lambertsbierg huet de Schrëftsteller och ze Lëtzebuerg méi bekannt gemaach.

  • Andreas Fickers

    Den Direkter vum C2DH Andreas Fickers iwwer déi nei digital Ausstellung Remembering the Great War in Luxembourg - 1914-1918- Éischte Weltkrich op https://ww1.lu

  • Germaine Goetzinger

    Mat der Literaturwëssenschaftlerin feier mer de Weltdag vum Buch ënner dem Motto: "Grouss Nimm - Grouss Geschichten. Ënnerwee mam geschriwwene Wuert."

  • Diane Jodes

    D'Presidentin vun der ASBL "WEmpreinte iwwert de "Printmaking 2018" am Carré zu Hollerech, wou dir via eng Expo, Débaten a Workshopen d'Facette vun der zäitgenëssescher Drockkonscht entdeckt.

  • Sylvia Camarda

    "Move" heescht eng Emisioun déi op der Kulturtelevisiounschaine ARTE, déi vun der Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda moderéiert gëtt.

  • Annick Pütz

    Déi neiste Kreatioun "à part être" vun der Lëtzebuerger Dänzerin a Choreographin am Kader vum Projet "BlanContact" huet am Mierscher Kulturhaus Première.

  • Jean-Luc Putz

    Am Kader vum internationalen Dag vum Buch an dem Recht vum Auteur, schwätzt de Riichter an Auteur iwwer den intellektuelle Besetz an Protektioun vun dësem.

  • Patrick Michaely

    Aus Milliounen Objete vu Kollektiounen der e puer eraussichen a se weisen - Unexpected Treasures kann een elo am natur musée gesinn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen