Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Zwischen Ergebenheit und Misstrauen ...

Dat üblecht Bild vun der Maria Theresia als allgemeng héich veréiert Herrscherin a léif Landesmutter weist, a Bezuch op hiert Verhältnis zu de béimesche Länner, sou muenche Rëss op. Zwar hat si géintiwwer de béimesche Landsleit hir frëndlech a respektvoll Gesënnung zum Ausdrock bruecht, an d'Untertane sinn hir och mam obligatoresche Respekt entgéintkomm. An deem Sënn krut Maria Theresia och bei alle Visitten e frëndlechen Empfang, awer hannert der Fassad war dëst Verhältnis vu béide Säiten éischter problematesch.

Prof. Jiří Mikulec - Musée Dräi Eechelen

De Prof. Dr. Jiří Mikulec ass wëssenschaftleche Mataarbechter am historeschen Institut vun der Akademie vun de Wëssenschaften an der Tschechesche Republik zu Prag, Abteilung fir Geschicht vun der fréier Neizäit. Hien ënnerriicht un der Karls-Universitéit Prag an un der Universitéit vu Pardubice.

Opgeholl a verschafft vum Carlo Link am Kader vun der Ausstellung 300 Jahre Maria Theresia - La Femme aux multiples couronnes.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Ënnerwee

  • Panorama

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen