Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Zwischen Ergebenheit und Misstrauen

Dat üblecht Bild vun der Maria Theresia als allgemeng héich veréiert Herrscherin a léif Landesmutter weist, a Bezuch op hiert Verhältnis zu de béimesche Länner, sou muenche Rëss op. Zwar hat si géintiwwer de béimesche Landsleit hir frëndlech a respektvoll Gesënnung zum Ausdrock bruecht, an d'Untertane sinn hir och mam obligatoresche Respekt entgéintkomm. An deem Sënn krut Maria Theresia och bei alle Visitten e frëndlechen Empfang, awer hanner der Fassad war dëst Verhältnis vu béide Säiten éischter problematesch.

Prof. Jiří Mikulec - Musée Dräi Eechelen

De Prof. Dr. Jiří Mikulec ass wëssenschaftleche Mataarbechter am historeschen Institut vun der Akademie vun de Wëssenschaften an der Tschechesche Republik zu Prag, Abteilung fir Geschicht vun der fréier Neizäit. Hien ënnerriicht un der Karls-Universitéit Prag an un der Universitéit vu Pardubice.

Opgeholl a verschafft vum Carlo Link am Kader vun der Ausstellung "300 Jahre Maria Theresia - La Femme aux multiples couronnes".

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen