Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Flüchtlingen - nom Accueil, d'Integratioun

De Lëtzebuerger Aarbechtsmaart, d'Schoul an de Logement stelle Flüchtlinge virun enorm Erausfuerderungen. Et gëllt d'Sproochebarrière, kulturell Ënnerscheeder, Erwaardungen a Viruerteeler z'iwwerwannen. Wéi ginn d'Flüchtlingen an deem Integratiounsprozess begleet? A wat mussen si mat bréngen?

Zu Wuert komme Flüchtlingen - mat an ouni Statut. An enger Table-Ronde diskutéieren d'Familljen - an Integratiounsministerin Corinne Cahen (DP), d'CSV-Deputéiert Martine Mergen, den Yves Schmidt (Caritas) an d'Laura Zuccoli (ASTI)

 

Moderatioun Mick Entringer

Rezent Emissiounen

  • D'Zukunft vun der EU

    Wéi muss d'EU opgestallt sinn, fir op global Defien ze reagéieren? Et diskutéiere KandidatInne vun den 10 Parteien, déi am Land bei den Europawahlen untrieden.

  • Stress an der Schoul

    Wéi ausgebrannt si Schüler, Enseignanten an Elteren?

  • EU-Korrespondenten iwwer d'Europawahlen

    Mam Cécile Ducourtieux (Le Monde), Quentin Dickinson (Radio France), Oliver Grimm (Die Presse) a Camille-Cerise Gessant (Agence Europe)

  • Roy Reding (ADR)

    Den ADR-Politiker hält d'nächst Woch mat sengen Aktivitéiten als Affekot op: iwwer d'Grënn schwätze mir mam Roy Reding a "Riicht eraus".

  • Marie-Josée Jacobs

    Mat der Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg geet et ëm d'Roll vun der kathoulescher ONG, d'sozial Kohäsioun, d'CSV an ëm hir politesch Carrière.

  • Ass Bio logesch?

    Et diskutéieren de Landwirtschaftsminister Romain Schneider, de President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder an de Bio-Bauer Tom Kass.

  • Dan Kersch

    Mam neien Aarbechts- a Sportminister geet et ëm d'Sozialwahlen, d'LSAP a säi politesche Parcours

  • déi gréng am Opschwong

    Et diskutéieren: F. Bausch, Mobilitéits- a Verdeedegungsminister; J. Thill, nei Spriecherin déi jonk gréng a R. Garcia, Grënnungsmember a fréiere gréngen Deputéierten

  • Marco Lorenzini

    E Gespréich iwwer d'Liewen als Beruffsschauspiller

  • Martine Deprez

    UGDA-Presidentin, Mathés-Proff, Member vum Staatsrot: dat war dann awer op eemol zevill ... an dofir huet si hir Funktioun bei der UGDA opginn.

  • Mental Gesondheet zu Lëtzebuerg

    Dr. Marc Graas (Psychiater, fréieren Direkter vum Spidol zu Ettelbréck), Marc Stein (Société luxembourgeoise de Psychologie), Mady Juchem (Patientenassociatioun)

  • Alternativ Modeller fir de Wunnengsbau

    Et diskutéieren: Jean-Paul Scheuren - Chambre immobilière, Gilles Hempel - Agence immobilière sociale a Claude Ballini - Architekt an Urbanist.

  • Wéi eng Zukunft fir d'CSV?

    Wéi eng Richtung schléit d'Partei a fir sech un déi nei politesch Realitéiten unzepassen? Invitéeë sinn den neie President Frank Engel an den neie Generalsekretär Félix Eischen.

  • Michel Wurth

    E Brexit ouni Deal gëtt ëmmer méi realistesch. Ass déi Lëtzebuerger Ekonomie dorop virbereet? Dat froe mir de President vun der Chambre de Commerce.

  • Sam Tanson a Jo Kox

    Kultur: Eng Chefsaach? De Kulturentwécklungsplang a seng konkret Folgen: am Gespréich mat der Kulturministesch an dem Premier Conseiller de Gouvernement.

Programm

Dossieren

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen