Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

El Toro Records

Sound vu gëschter mat Interprete vun haut: El Toro Records gouf 1996 an d'Liewe geruff an ass zu Pineda de Mar (bei Barcelona) doheem. De Label verschreift sech Genrë wéi Blues, Rockabilly, Rhythm 'n' Blues, Hillbilly, instrumentale Surf, Jump, Western Swing an allerhand nostalgesche Sound aus de 50er a 60er Joren ... mä dat awer mat aktuelle Kënschtler, déi aus allen Häre Länner kommen a bei dësem "independant label' an Distributeur gutt versuergt sinn.

De Fred Medernach huet sech um flott gemaachte Site www.eltororecords.com ëmgekuckt an eng etlech Musikerinnen a Museker fir dës Stonn erausgepickt.

Op der Playlëscht stinn: Chris Ruest & Gene Taylor (USA) mat hirem aktuellen Album "It's Too Late Now", de Little Victor (Italien/USA), Nico Duportal and the Rhythm Dudes (Frankräich), The Real Gones (Polen), Aisha Khan (UK), Maibell and the Misfires (Finnland), Nikki Hill (USA), Lost Acapulco (Mexiko) an El Ray (Dänemark) - wierklech en internationale Label.

Weider an der Emissioun: eng Erënnerung un deen d'lescht Joer verstuerwene Leon Russell, deem säi lescht Wierk "On A Distant Shore' eréischt kierzlech erauskoum an déi nei Single vum A. J. Croce.

Rezent Emissiounen

  • The Rolling Stones - Blue & Lonesome

    2016 koum de Rolling Stones hiren 23. Album eraus, eng CD, déi komplett am Blues gehale gouf. 12 Cover-Songs, déi alleguerten am Stil an am Rhythmus stëmmen.

  • Live Blues

    Mat Extraiten aus de Concerte vum Reidar Larsen & the Blues Bastards (Norwegen), Juke (USA) an John Mayall (GB)

  • Chris Youlden

    Den englesche Bluesmann huet virun allem Enn der 60er Jore mat der Savoy Brown Blues Band Akzenter gesat.

  • Beth, Jimmy & Eises

    Extraiten aus den neie Live-Albumen vu Beth Hart an Jimmy Cornett an eng déck Portioun Lëtzebuerger Blues

  • Mick Fleetwood: Blue Again!

    De Mick Fleetwood huet a senger Bluesband e prominente Gittarist derbäi: de Rick Vito. Déi richteg Leit fir en Duebelalbum voller Klassiker.

  • Jimi songs

    Cover-Versiounen, déi och alt emol d'Héiergewunnechten änneren, déi ee sech beim Hendrix-Repertoire zougeluecht huet ...

  • Robben Ford live

    Live-Opname vum amerikanesche Gittarist, queesch uechter seng Karriär

  • Graham Bond

    E Portrait vum 1974 verstuerwenen englesche Sänger, Saxophonist a Keyboarder, deen d'Hammonduergel mat an de Blues bruecht huet.

  • The Winklepickers: exklusiv, live & ofgespeckt

    Den Duo Roger Melcher (Gesang, Harp) a Roland Meyer (Gittaren), live opgeholl am Studio 8 vum radio 100,7.

  • Jack Bruce - The 50th Birthday Concerts

    Am November 1993 huet de Bassist Jack Bruce zwee wonnerbar Concerten zu Köln am E-Werk gespillt, an zwar fir säi 50. Geburtsdag ze feieren.

  • Rough Blues vun hanner der Grenz

    Als Gäscht derbäi: déi saarlännesch Formatioun Stompin Heat mat hirem Live-Album, dee si genreméisseg als Rough Blues presentéieren.

  • John Mayall: "Three for the Road"

    Dee 66. Album vum britesche Blues-Pionéier

  • Blues Is Life!

    "Chilling" ass deen neien Album vum Archie Lee Hooker (Label: Dixiefrog). Hien an den Drummer/Produzent Yves Ditsch si Gäscht am Studio.

  • Muddy Waters ... Live at Rockpalast

    Och nach haut, 35 Joer no sengem Doud, kommen ëmmer nach CDe vum Bluesmuseker Muddy Waters eraus. Sou och 2018.

  • Remo Cavallini live@Rockhal

    Den Déifferdenger Bluesmann mat Band a Frënn, opgeholl de 14.10.2017 am Club vun der Rockhal fir de Release vu "The Last Blues From 29".

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen