Literaturlaborantinnen Valerija Berdi an Nathalie Bender
Et ass all Joer ee literaresche Labyrinth, deen een um Enn um Schreifdësch leien huet. Ofgesi vun de sëllechen Bicher, déi mat deem engen oder anere Präis ausgezeechent goufen, sinn der jo och soss nach eng ganz Rei publizéiert ginn, déi manner mediewierksam zum Zoch kommen. Am LiteraturLabo dësen Donneschdeg probéiere Valerija Berdi, Ian de Toffoli an Nathalie Bender e Bilan fir 2017 ze zéien.