Invité vum Dag

En Interview iwwert en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Armand Drews

De Cercle des ONG fuerdert méi Koherenz vun de Politiken an de Beräicher Handel, Ëmwelt a Klimaschutz. Och de Klimawiessel suergt fir Migratioun a Flüchtlingskris, seet de Cercle. Weider fuerdert d'Plattform, datt Projeten, déi net an den Zillänner vun der Kooperatioun realiséiert ginn, weiderhin zu engem héije Prozentsaz ënnerstëtzt ginn, wa si verschidde Kritären erfëllen. Virun allem wann et ëm d'Mënscherechter geet. Iwwert déi Themen diskutéiert d'Carole Schimmer mam President vum Cercle des ONG de développement, dem Armand Drews.

Rezent Emissiounen

  • Shari Schenten

    Mat der Presidentin vun der VLP, der Vereenegung vun de Lëtzebuergesch Professeren iwwer d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch am Enseignement.

  • Gilbert Pregno

    De fréieren Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass fuerdert een Ëmdenken beim Encadrement vu Kanner mat enger Verhalensstéierung.

  • Romain Schumacher

    Een Dag virum éischte Match vum F91 Diddeleng an der Europa League schwätzt säi President iwwer déi europäesch Aventure an iwwer d'Qualitéit vum Lëtzebuerger Fussball.

  • Laurent Zeimet

    "E Plang fir Lëtzebuerg" - de Generalsekretär vun der CSV detailléiert de Wahlprogramm vu senger Partei.

  • Frank Schroeder

    Mam Direkter vum nationale Resistenz-Musée geet rieds iwwer Gedenken un de Puto G, e Repli national an der Wahlcampagne an Auslännerhaass zu Chemnitz.

  • Alexander Krieps (DP)

    Den Dokter, Rugby-Fan an DP-Deputéierte geet net méi mat an d'Wahlen. E Fazit vu senger Carrière als Politiker.

  • Camille Peping

    900 zukünfteg an 12.000 aktuell Enseignanten a Chargé'en ginn um IFEN aus- a weidergebilt. Eng Erausfuerderung fir den Direkter.

  • Paul Philipp

    Mam FLF-President geet virum éischte Match an der UEFA Nations League ë.a. rieds iwwer d'Chance vu Lëtzebuerg an där neier Competitioun.

  • Patrick Sanavia

    D'Gesetz iwwer den Denkmalschtuz hätt sollte virum Summer gestëmmt ginn. Dat ass awer elo net de Fall. Wéi eng Konsquenzen hat dat fir den Denkmalschutz?

  • Dr. Christopher Goepel

    Firwat lafe Jugendlecher doheem fort? Fir wéi ee Malaise ass dee Geste e Symptom? Doriwwer schwätze mer mat engem Jugendpsychiater.

  • Christine Lejeune & Dr. Andreas König

    De Serge Kesseler schwätzt mat der Presidentin vun "Anonym Glécksspiller" a mam Responsabele vun "ausgespillt" iwwert d'Thema Spillsucht.

  • Dr. Claude Schummer

    Mam Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman geet rieds iwwer d'Plaz vu sengen Haiser an der Spidolslandschaft an iwwer Zukunftspläng vum Grupp.

  • Bernard Gottlieb

    Wéi vill Antisemitismus gëtt et zu Lëtzebuerg? En Aarbechtsgrupp, deen zejoert gegrënnt gouf, huet en éischte Rapport virgeluecht.

  • Pater Alberto Ambrosio

    Zwou an eng hallef Millioune Pilger sinn zanter virgëschter an nach bis e Freideg a Saudi-Arabien fir den Hadsch, dee grousse Pèlerinage op Mekka. Den Islam-Spezialist erkläert.

  • Pascale Arend

    2017 gouf den Office nationale de l'enfance reorganiséiert. Mat der Generalkoordinatrice geet rieds iwwer d'Entwécklunge bei der Jugendhëllef.

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • Une nouvelle application mobile « radio 100,7 »

    radio 100,7 vient de lancer sa nouvelle application pour appareils mobiles. L'appli, simple à installer et facile à utiliser, permet d'écouter le programme de la radio 100,7 en direct et en différé en puisant dans la médiathèque de la radio. 

  • Yann Logelin, nouveau chef de la programmation à radio 100,7

    radio 100,7 annonce la nomination de M. Yann Logelin au poste de chef de la programmation. Yann Logelin prendra le relais de M Claude Mangen qui, après 25 ans à ce poste, assumera la direction du Mierscher Kulturhaus à partir du 1er novembre 2018.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen