Hidden Jazz Gems

Pit Dahm Pol Belardi

De Pit Dahm an de Pol Belardi wulle ganz déif an den Jazzarchiven a presentéiere munch ongeschlaffen Diamanten. Vill Museker hunn Opnamen an Diske gemaach, déi am Schied vun hire grousse populären an incontournabele Produktiounen iwwersi goufen. Oder et si Wierker vu Museker, déi aus diverse Grënn nieft hiren Zäitgenossen net déi Unerkennung kritt hunn, déi si eigentlech verdéngt hätten. A ville Fäll sinn dës verstoppte Schätz esouguer méi räichhalteg a raffinéiert wéi déi, déi et schlussendlech an de Palmarès vun de meescht verkaafte Produktioune gepackt hunn.

Lee Morgan

Den Trompettist Morgan Lee ass e wonnerbare Museker, deen ënnert anerem als jonke Borscht mam Dizzy Gillespie gespillt huet, ier hie mol selwer bekannt gouf. De Pol Belardi an de Pit Dahm lauschteren e puer vu senge beschten Tracks a schwätzen iwwert säin dach beweegte Liewen.

Rezent Emissiounen

  • Paul Desmond

    En Toun um Altsaxofon, deen een ënnert 1.000 Saxofoniste erëmkennt. Virun allem bekannt mam Dave Brubeck senger Band, huet hien och selwer eng staark Stëmm.

  • Lee Morgan

    Den Trompettist am Fokus

  • Phineas Newborn Jr.

    Ee leider vill ze wéineg zitéierten Ausnahme-Museker, deen zwar déi meescht opgeschlosse Pianiste kennen, awer de breeden Jazz-Public net.

  • Miles Davis - In a Silent Way

    Dësen Album markéiert d'Transitioun vum Miles sengem zweete grousse Quintett hin zu senger méi elektronescher Phas.

  • Bill Frisell with Dave Holland and Elvin Jones

    E Gittaren-Trio, dee subtil, an déiwer Entente tëscht de Museker den Toun ugëtt an duerch dem Bill Frisell säin onverkennbare Sound ugedriwwe gëtt.

  • Chick Corea - Now he Sings, now he Sobs

    Op dësem Album presentéiert de prominente Pianist eng absolut opreegend Visioun vum Piano-Trio, déi Traditioun a Modernitéit am Joer 1968 beandrockend mateneen verbënnt.

  • Herbie Hancock - Sextant

    D'Ambiance vun dëser Plack ass absolut eenzegaarteg a steet de méi bekannten Hancock-Albumen an näischt no.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Literaturlabo 7: Bilan

    En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen