Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Le cœur et la raison - ou la réforme incarnée

D'Enn vun der Habsbuergescher-Linn an d'Grënnung vum Haus Habsburg-Loutréngen hunn eng Zäit vu Fragilitéit fir eng Monarchie mat verspreete Besëtztemer mat sech bruecht.

Als groussen ëstleche Bestanddeel vun den Niederlanden war den Duché vu Lëtzebuerg zu engem Laboratoire ginn. Hei si Verbindungen entstanen, tëschent der perséinlecher Fidelitéit an der feudaler Opfaassung vun der Monarchie an der Necessitéit fir Gebidder mat entwéckelte Ressourcen ze besëtzen. De Räichtum vun de Vëlker hunn dee vun den Herrscher méi nohalteg gemaacht.

Opgeholl den 8. November am Musée Dräi Eechelen a verschafft vum Carlo Link.

Dr. Claude de Moreau de Gerbehaye, Foto: Carlo Link

Den Dr. Claude de Moreau de Gerbehaye ass Chef de Service Archives du Palais Royale, Archives générales du Royaume de Belgique, Bruxelles et Université de Liège. Vice-président de la Commission royale d'histoire.

Wope vum Maria Theresia 1765 (Wopen a Text: Austria-Forum - Peter Diem)

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen