Invité am Moies-Magazin

Dr. Ingrid Pfeiffer - Kuratorin - Schirn Kunsthalle

D'Frankfurter Schirn Kunsthalle erlaabt bis de 25. Februar 2018 en Abléck an d'Epoche vum fréien 20. Joerhonnert ze geheien. Déi Roaring Twenties waren net just gëllen, wat vill Kënschtler an hire Wierker festgehalen hunn. D'Kuratorin Dr. Ingrid Pfeiffer huet ronn 190 Wierker vu méi wéi 60 Kënschtlerinnen a Kënschtler zesummegestallt, fir vun Otto Dix bis Jeanne Mammen e reellt Gesellschaftsbild vun dëser Zäit ze weisen. Déi ënnerschiddlech Plazen an Zeenen, Entwécklungen an Tendenzen um sozialen, ekonomeschen, techneschen an politesche Plang zeechnen en anert Bild, wéi dat glamouréist, Dat gären där Epoche ugedicht gëtt. Dr. Ingrid Pfeiffer erkläert all déi Aspekter, déi si zu dëser Themenausstellung motivéiert hunn. D'Valerija Berdi féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen