Kandheet an der Klassik

Luc Boentges

D'Musek ass en Domaine vun Erwuessenen. Op d'mannst alles dat, wat iwwert den Hobbyberäich erausgeet. Mä ass dat wierklech esou? An der Musek hunn och Kanner Grousses vollbruecht. "Wonnerkanner", wéi de Wolfgang Amadeus Mozart oder den David Garrett hunn dat gewisen. Esou Wonnerkanner an hir Succèse geroden och alt nees an de Vergiess. Wie waren déi grouss musikalesch Wonnerkanner? Wéi eng Kompositioune sinn am Kanneralter entstanen? Wien ass an der Versenkung verschwonnen? A wéi eng Roll spille Kanner an de Wierker vu grousse Komponisten?

De Christoph Sischka, Direkter vun der Freiburger Akademie zur Begabtenförderung

Musikalesch Wonnerkanner haut

Lorin Maazel, Anne-Sophie Mutter an Daniel Barenboim: Dräi Museker, déi schonn als Kand op sech opmierksam gemaacht an hir Carrière am Erwuessenenalter ausgebaut hunn. Wéi geet een haut mat dësem Phänomen ëm? Wéi kann een e Wonnerkand a senger Entwécklung ënnerstëtzen? A wat kann een engem Kand iwwerhaapt nach bäibréngen, wann et schonn eng gewëss Perfektioun a sengem Instrument erreecht huet? De Luc Boentges huet beim Christoph Sischka, dem Direkter vun der Freiburger Akademie zur Begabtenförderung nogefrot.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen