Invité am Moies-Magazin

D'Hortense Deitz an d'Marcelle Diederich vun Omega 90, d'Coordinatricen vum Pilotprojet "Palliativ Geriatrie"

Hortense Deitz a Marcelle Diederich vun Omega 90

Liewe kënnen, stierwen dierfen" war d'Iwwerschrëft vum Pilotprojet Palliativ Geriatrie vun der Asbl Omega 90 a verschiddenen Institutiounen, déi am Beräich Altersfleeg täteg sinn, duerch ebe Fleegeheimer oder CIPA-Strukturen. Op enger Ofschlosskonferenz goufen elo d'Conclusioune vun dësem Projet gezunn. Doriwwer diskutéiert de Jean-Claude Majerus mat de Coordinatricë vum Projet Hortense Deitz a Marcelle Diederich vun Omega 90.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen