Kommunikatioun a Medien

Marc Clement

Iwwert Informatioun, Kommunikatioun a Medien am Changement. Hannergrënn mam Bernt von zur Mühlen.

Nei Medie-Plutokraten: Eric Schmidt

Wéi den Eric Schmidt 1983 bei Sun Microsystems als hiren éischte Software Manager ugefaangen huet, gouf hie vu senge Mataarbechter an den Abrëll geschéckt. Säi ganze Büro gouf op enger Plattform an der Mëtt vum kënschtleche Weier vum Sun Gebai nei gebaut - komplett mat funktionéierendem Telefon. Haut, wou de Schmidt President vu Google ass an am Verwaltungsrot vun Apple sëtzt, géif ee sech säi Büro wuel op iergendengem ganz héije Bierg virstellen. De Marc Clement proposéiert e Portrait vun engem aflossräiche Mann, deem seng Usiichten et sech ze kenne lount.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen