Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.
CD-Klassik


1905 Impressions
Fënnef CDen an dräi verschiddene Stilrichtungen huet d'Fanny Azzuro an deene leschte véier Joer erausbruecht. Ugefaangen 2013 mam Album "Rage", deen d'Pianistin mat hirem Tango-Quartett opgeholl huet. 2014 koum dunn den Disque "Russian Impulse" mat klassesche Wierker vun de Komponiste Sergei Rachmaninow a Sergei Prokofjew eraus a mëttlerweil huet si och am Jazz op sech opmierksam gemaacht. Mat "1905 Impressions" ass elo der Fanny Azzuro hiren zweete Klassik-Album erauskomm. En Disque, bei deem et sech lount eranzelauschteren, fënnt de Remy Franck.
Rezent Emissiounen
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
radio 100,7 revue par ses pairs
A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen