CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

1905 Impressions

Fënnef CDen an dräi verschiddene Stilrichtungen huet d'Fanny Azzuro an deene leschte véier Joer erausbruecht. Ugefaangen 2013 mam Album "Rage", deen d'Pianistin mat hirem Tango-Quartett opgeholl huet. 2014 koum dunn den Disque "Russian Impulse" mat klassesche Wierker vun de Komponiste Sergei Rachmaninow a Sergei Prokofjew eraus a mëttlerweil huet si och am Jazz op sech opmierksam gemaacht. Mat "1905 Impressions" ass elo der Fanny Azzuro hiren zweete Klassik-Album erauskomm. En Disque, bei deem et sech lount eranzelauschteren, fënnt de Remy Franck.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen