Méi oder manner urgent Urgencen
De Problem ass bekannt - d'Urgencen an de Spideeler si permanent iwwerlaascht. D'Patiente musse bis zu véier Stonne waarden. D'Doktere kloen, datt si hir Aarbecht net uerdentlech kënne maachen. Eng Etude, déi elo virgestallt ginn ass, soll nei Piste weisen, fir der Problematik Meeschter ze ginn. Wat sinn d'Ursaache fir d'Situatioun an den Urgencen, wou leien d'Léisungen?