KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Maurice Ravel

Ravel: L'enfant et les sortilèges

D'Mamm vum Maurice Ravel, d'Maria Deluarte, war eng wichteg Bezuchspersoun fir d'Kand Ravel. D'Léift vu senger Mamm war mat de baskesche Melodien, eng wichteg Komponent am Maurice senge jonke Joren. Trotz seriöe Museksstudien am jonken Alter, huet de Maurice Ravel och a senge spéide Joren, d'Kand an him ni vergiess. D'Oper "L'enfant et les sortilèges" ass en herrlecht Beispill, fir dem Ravel seng verspillten Aart a Weis a Musek ëmzesetzen. De Manuel Ribeiro mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen