Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Wa Komponiste fir Kanner an iwwer Kanner schreiwen ...

Wa Komponiste fir Kanner an iwwer Kanner schreiwen, entsti Meeschterwierker: "Childrens Corner" vum Debussy, "Danzas de Criancas" vum Villa-Lobos, "Dolly Suite" vum Fauré. Heibäi verschaffe si musikalesch hir Kandheetserënnerungen. Ganz dacks goufen esou Wierker awer och als pädagogescht Noutematerial fir Schüler geschriwwen. Nieft Kompositiounen zum Thema Kandheet stellt de Romain Kerschen och e puer Wonnerkanner vir.

Rezent Emissiounen

  • Liewen an Doud

    Stécker déi tréischten, déi de Komponist an d'Paradäis brénge sollen an déi kuerz virum Doud entstane sinn.

  • Komponistenalldag

    Wéini hunn de Beethoven, Strauss a Chopin komponéiert? Wéi eng Gemeinsamkeete ginn et? Wie war fläisseg, wie faul?

  • Wéi alles ugefaangen huet

    Dem George Gershwin a Leonard Bernstein hir musikalesch Virleefer

  • Grillen no Nouten

    E musikalescht Rezept fir d'Summerdeeg

  • Variatiounen a rout, wäiss, blo

    Een dräifaarwege musikalesche Bouquet op Nationalfeierdag

  • Fussballverréckt Klassiker

    Phänomenal Goaler, legendär Spiller a Matcher, déi an d'Geschicht agaange sinn. Evenementer, déi och Komponiste beweegen.

  • Pathétique

    Wat stécht hannert dëser Wierksbezeechnung?

  • Inspiratiounen aus aller Welt

    Iwwer Komponisten a wat si alles esou vun hire Reese mat heem geholl hunn.

  • Nieft de Planéiten

    Wann engem de Gustav Holst e Begrëff ass, dann dacks just wéinst sengem Wierk "D'Planéiten". Mä wat huet hien do dernieft alles komponéiert?

  • D'Walpurgisnuecht

    Hexen, Hexemeeschter a vill Zauberei

  • Véier Joreszäiten an der Spéitromantik: de Joachim Raff

    Vum däitsche Starkomponist, deen zu Liewenszäite mat Brahms a Wagner verglach gouf, gëtt haut kaum nach e Wierk gespillt.

  • Eng Stäip vun der Mannheimer Klassik

    D'Famill Stamitz

  • Verierft

    Iwwer Talenter, Instrumenter a Melodien, déi sech iwwer Generatiounen ewech gehalen hunn.

  • Vu Russland an d'Welt

    Wa russesch Komponisten an aner Länner kucken.

  • Aarbecht

    Komponisten an hir Relatioun zur Aarbecht

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen