KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Maurice Ravel (c) Lipnitzki/Viollet

Ravel an de Phänomen Bolero

D'Kompositioun "Le Boléro" ass tëscht dem Juli an Oktober 1928 entstanen an gouf der Dänzerin Ida Rubinstein gewidmet. Si hat nämlech de Ravel 1927 dozou iwwerriet, fir hir e Stéck a Form vun engem spuenesche Ballet z'entwerfen, fir et mat hirer Trupp Enn 1928 kënnen als Ballet opzeféieren. Zu sengem Kolleg a Komponist Arthur Honegger seet de Maurice Ravel: "Ech hu bis elo ee Meeschterwierk gemaacht, de Bolero, allerdéngs enthält dëst Stéck leider keng Musek." Hannergrënn vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen