Kulturchronik

Eis Journalisten informéieren objektiv iwwer déi kulturell Aktualitéit. Mee wat denke si iwwer d'Realitéit zu Lëtzebuerg. An der Kulturchronik komme si mat Meenungen a Kommentaren zu Wuert.

De Knigge an déi sozial Medien

"Über den Umgang mit Menschen" ass dem däitschen Auteur Adolf Freiherr von Knigge säi bekanntst Wierk. Knigge stoung a steet och nach hautdesdaags als Synonym fir Manéieren oder einfach nëmmen de Fakt, sech behuelen ze kënnen. Ass de Knigge haut vereelzt oder brauche mir en nach? De Jean-Claude Majerus mat Iwwerleeungen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen