Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Allman Brothers Band

Mam Album, deen de Bandnumm dréit, hunn d'Gebridder Duane a Greg Allman op vill Gittar, Uergel a méi laang Stécker gesat - mam Dickey Betts huet e weidere Säitemann dëse Sound matbestëmmt, ongewinnt waren ausserdeem zwee Drummer/Perkussionisten.

Dësen Debut war op d'mannst an den Charts net besonnesch erfollegräich an ass just emol op d'Positioun 188 komm. Mä eng laang Tournée mat engen 300 Concerten huet d'Band an hire Southern rock immens populär gemaach. De Referenz-Site allmusic mengt, et wier keen ee schlechte Song um Album, och den amerikanesche Magasin Rolling Stone ass voll Luef iwwert d'Allman Brothers.

Presentéiert vum Ben Boulanger.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • ZäithistorikerIn - D'Naturaliséierung vum Prënz Felix

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen