Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Rapid Entwécklunge bei de Border studies

Eng 80 Wëssenschaftler aus der Groussregioun baue vum 1. Januar 2018 u mat 3,6 Milliounen Euro Subventiounen deen éischten europäeschen Zentrum fir Grenzraumfuerschung an der Groussregioun op. Et geet dorëms, déi sougenannt Border studies vun den Unie vu Lëtzebuerg, aus dem Saarland, vun Tréier, Kaiserslautern, vu Léck an aus der Lorraine méi visibel an accessibel ze maachen. D'Kerstin Thalau wollt méi iwwer déi aktuell nei Defie vun der Grenzraumfuerschung gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

  • Den Dieter Heimböckel iwwer d'Epilepsie an der Literatur (Rediff)

    De Philolog Dieter Heimböckel beschäftegt sech mam erstaunleche Sujet "Epilepsie an der Literatur" a wat mir doraus léiere kënnen.

  • Robert Philippart goes Han Yang

    Ëm 1900 hunn eng 20 Lëtzebuerger zu Han Yang dat deemools gréisst chinesescht Stolwierk mat opgeriicht a geleet. All Info dozou ass wëllkomm.

  • Klaus Werner-Lobo: Die Welt im Griff der Konzerne

    Mënscherechtsverletzungen, Ëmweltzerstéierung a politesch Diskriminéirung stinn un der Dagesuerdnung vu bal all de grousse Weltkonzerner.

  • Dr Christiane Hilger vum LIH

    Den Zockerstoff alpha-Gal gehéiert a Mamendéieren. Net a mënschlecht Blutt. Do kann en näämlech eng allergesch Reaktioun ausléisen.

  • Genderfroen an der Ekonomie

    Dräi Ekonomiste vu Lëtzebuerg, Paräis a Mailand hunn ausgerechent, datt fraefrëndlech Filmer tendenziell méi rentabel si wéi fraefeindlecher.

  • Zwou Millioune fir d'Laser-Fuerschung

    Den Daniele Brida vun der Universitéit schafft am Beräich vun de Laseren. Duerch den ERC-Award, deen hie kritt huet, kann hien nei Beräicher erfuerschen.

  • En FNR-Award fir den Luxembourg Science Center

    Op eng praktesch Aart a Weis engem grousse Public d'Wëssenschaft méi nobréngen, datt ass den Objektiv vum Déifferdenger Zentrum.

  • De LALA-Projet

    Duerch dee Projet solle Kanner aus dem Cycle 1 dobäi gehollef ginn, spéider liesen ze léieren.

  • En FNR-Award fir de Ben Thuy

    De Paläontolog Ben Thuy studéiert 250 Millioune Joer al Fossilie fir doraus Konklusioune fir den Erhalt vun der Biodiversitéit ze zéien.

  • Formafantasma an d'Roll vun der Recherche

    "Den Numm vum Designer-Duo aus Italien steet fir "Geeschterform", well d'Form fir déi zwee net d'Haaptroll spillt.

  • En ERC-Grant fir d'Anja Leist

    Demenz ass kee populären Thema. E positiivt Zeechen also, datt den EU-Fuerscherrot d'Dokter Anja Leist an hirer Demenz-Fuerschung ënnerstëtzt.

  • Kënschtlech Intelligenz

    E Beräich, an deem et vill Angscht a Viruerteeler gëtt an an deem et méi Opklärung bräicht.

  • Den Alexandre Saint an den 3D-Scan

    Den Alexandre Saint mécht am Optrag vun der Uni 3D-Kierper-Scannen, fir fir d'Medezin oder Animatiounsfilmer Computermodeller ze entwéckelen.

  • D'Clio Van Aerde ass "on line"

    D'Kënschtlerin Clio Van Aerde geet während engem Mount zu Fouss d'Linn vun der lëtzebuergescher Grenz of a nennt hir Performance "on line".

  • D'HPV-Vaccinatioun zu Lëtzebuerg huet méi Zoulaf wéi geduecht

    Déi human Papilloma-Vire sinn an den 1970er fir d'éischt beschriwwe ginn. 50 Joer ginn net duer, fir eng Krankheet bekannt ze maachen.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen