Invité am Moies-Magazin

D'Karl Marx Joer 2018 zu Tréier

Zum Karl Marx falen engem spontan seng Wierker "Das Kapital", "Das kommunistische Manifest", säi Kampf fir dat benodeelegt Proletariat, an; en etlech wëssen, datt en1883 zu London gestuerwen ass, manner, datt de Marx 1818 zu Tréier op d'Welt koum. Eventuell well d'Tréierer selwer domat bis ewell keng Reklamm gemaach hunn. Mä dat soll sech 2018, fir den 200. Anniversaire vum Denker, Philosoph an Historiker, änneren. D'Kerstin Thalau huet mat der Tréierer Journalistin Marion Barzen iwwert d'Karl-Marx-Joer geschwat.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen